Skip to content
zeno
Create a Station
Explore
Religious
Music
News
Podcasts
Bible
By Genre
By Location
By Language
Download App
Opens in a new window
Toggle Sidebar
zeno
radio 100,7
Kultur
News
Luxembourgish
Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
Website
Episodes
Episodes
50
28 August 2026
Rentrée littéraire: "Histoire d’amours" vum Serge Joncour
Wéi all Joer erschéngen an den nächsten dräi Wochen am Frankräich iwwer 400 Romaner – a wéi all Joer guidéiert eis de Jeff Schinker an den nächste Wochen a Méint duerch den Dschungel u Publikatiounen, verréit eis wéi eng Hypes justifiéiert sinn a wéi eng et net sinn a stellt seng Highlights an Enttäuschunge vir. Haut beschwätzt de Jeff Schinker "Histoire d’amours" vum Serge Joncour, ee Roman, dee...
28 August 2026
Luca de Dios - de amor y desamor
Mëtt Oktober gëtt de Luca Vaillancourt de Dios - vun Triana y Luca an de Pescadores - seng éischt Solo-Plack eraus, mat engem Live Concert am Centre Culturel opderschmelz. Eng Stëmm, eng Nylonsgittar, spuenesch Häerzfaseren an e puer nostalgesch, elektronesch Schieter bestëmmen d‘Songs vu senger kommender Plack „de amor y desamor“. De Marc Clement wollt méi wëssen.
27 August 2026
Rentrée littéraire: "Notre-Dame-des-Anges" vun der Célia Houdart
Wéi all Joer erschéngen an den nächsten dräi Wochen a Frankräich iwwer 400 Romaner – a wéi all Joer guidéiert eis de Jeff Schinker an den nächste Wochen a Méint duerch den Dschungel u Publikatiounen, verréit eis wéi eng Hypes justifiéiert sinn a wéi eng et net sinn a stellt seng Highlights an Enttäuschunge vir. Haut beschwätzt de Jeff Schinker "Notre-Dame-des-Anges" vun der Célia Houdart. Ee...
27 August 2026
En Noruff op d‘Dolly Parton
D‘Dolly Parton ass als Country-Ikon bekannt, déi de Genre duerch eng Rëtsch grouss Hits an de Mainstream bruecht huet. Mee si war och eng Schauspillerin, Geschäftsfra an eng Philanthropin, déi sech hiert Liewe laang fir déi manner bemëttelt agesat hat. Am polariséierten Amerika ass si eng vun de raren Perséinlechkeeten, déi vun alle Säite beléift ass. Hei een Noruff op d‘Dolly Parton vum Claire...
26 August 2026
Rentrée littéraire: "La Grande Interruption" vun der Sibylle Grimbert
Wéi all Joer erschéngen an den nächsten dräi Wochen a Frankräich iwwer 400 Romaner – a wéi all Joer guidéiert eis de Jeff Schinker an den nächste Wochen a Méint duerch den Dschungel u Publikatiounen, verréit eis, wéi eng Hypes justifiéiert sinn a wéi eng et net sinn, a stellt seng Highlights an Enttäuschunge vir. Haut beschwätzt de Jeff Schinker "La Grande Interruption" vun der Sibylle Grimbert –...
26 August 2026
Rezensioun: Lambchop - "Punching the Clown"
De Kurt Wagner ass de Leadsänger an eenzeg bleiwende Member vun engem ufanks bis zu 18-käppegen Nashviller Kollektiv mam Numm Lambchop. Fir de 17. Lambchop-Album hat de Kurt Wagner, Leadsänger, eng absolut fantastesch Iddi: Seng intim, nikotinbeluegte Stëmm mat de rengen, klore Stëmme vu Chouersänger ze kontrastéieren. Eraus kënnt “Punching the Clown”, een Album, deem säin Titel schonn en neien...
25 August 2026
"Ultramarin" vun der Ann-Christin Kumm
Net grad déi lëschtegst Summerlecture, trotzdeem derwäert, der Ann-Christin Kumm hiren éischte Roman "Ultramarin" ze liesen, mengt d'Valerija Berdi. D'Buch ass am Hanser-Verlag eraus komm.
25 August 2026
"The Reverse Centaur‘s Guide to Life After AI" vum Cory Doctorow
Mir sinn am Zäitalter vun der KI ukomm, do gëtt et keen Zweiwel méi. Ass den Hype awer berechtegt? An wéi genau wäert dës nei Technologie all eenzele betreffe? Den Cory Doctorow gëtt a sengem neie Buch ganz wäertvoll Denkustéiss. D‘Claire Barthelemy huet et fir eis ragelies.
24 August 2026
EUYO – European Youth Orchestra
EUYO ass d’Ofkierzung fir den European Union Youth Orchestra. Zënter 50 Joer ee vun de renomméiertsten Jugendorchesteren vun der Welt an de Jugendorchester vun der Europäescher Unioun. Joer fir Joer kommen aus 27 verschiddenen Natiounen Musekerinnen a Museker zesummen, fir ee Joer laang eng Ausbildung ze genéissen an op Tournée ze goen. Am Jury an Conseil d’administration vum EUYO ass och den Joe...
24 August 2026
Pop-Rock-Rentrée zu Lëtzebuerg
De Schluss vun de Congés annulés ass glaichzaiteg bal de Startschoss fir d'Rentrée... Fir all déi. déi zu Lëtzebuerg Musek liewen an otmen, huet de Marc Clement e puer Hierscht-Concerts-Rendezvousen, a kommend Releases vu Lëtzebuerger Museker zesummegedroen.